You are here
F5J September 2015
F5J zu Dideleng
E Sonndeg den 6. September ass op eisem Flugfeld dén ugekennegten F3J Concours ofgehâlen gin. Agelueden waren all letzeburger Cluppen. Leider hat nemmen een aus dem Mierscher Club, den Bech Germain, de Mut matzemâchen.Hien huet och gewisen dasse en net onbedingt en deieren weltméschter Modell brauch fir gut mat ze fleien. Hien ass mat engem Multiplex „Easy Glider Pro“ mat geflunn, an daat net schlecht.
Sechs Piloten hun dél geholl. Ewell, ewei sou oft, weineg Memberen vun eisem Club berét waren als Chronométreur ze hellefen sin zwou Gruppen vun 3 Leit gebild gin. Mei interressant wier et mat 6 Leit an enger Gruppze fleien, leider ass daat awer ouni Zeitnehmer net meiglech.
Et sin 6 Ronen geflun gin. Während dem Oflaaf vum Concours ass d`Begéschterung emmer mei gross gin.Dat net nemmenm bei den Piloten ,mee och bei déne Leit die sech des Catégorie wollten ukucken.Trotz dem net idealem Wieder sin Zeiten vun bal 10 Minuten geflunn gin. Während der ganzer Zeit ass de Concours spannend bliven. Et woust een nie wien an dem Moment vier war.
Eise bescht bekannten Grousssegler Pilot, den Guy Bechtold, Inhalter vun numereis Weltrekorder war och als Visiteur do, an mat groussem Interressi dat Ganzt verfollegt. Hien war ganz begéschert an denkt sech ze equipeieren an dat nächst Joer mat ze fleien.
Ewei esou oft war eise President, den Guy Fonck net ze schloen, an huet desen Concours gewonnen.
D'Resultater sin Vill verspriechend.
1. Guy Fonck
2. Marc Timsit
3. Jérome Freilinger
4. Marc Buttel
5. Philipp Lee
6. Germain Bech
Mir wenschen ons fir den nächsten F5J Concours vill mei Piloten, waat de Concours vill mei spannend geif mâchen. An och een Appell un ons Memberen: Helleft ären Kollegen an dém der e Posten als Zeitnehmer unhuelt! De Club ass jo och ganz Joer fir Iech do.
Mir soen bei deser Gelégenhét och dénen Leit Merci, die zwé Dég lang fir hier Kollegen chronométreiert hun.
Raym
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|